Skip to content

Gemengewal 2023

Luss Meyers

Lëllgen, 59 Joër

De Luss as 59 Joer al, bestaad a Papp von zwee Kanner. Hien wohnt zu Lëllgen an ass vo Berouf Bauer. DenLuss ass zanter 2010 am Wëntger Gemengerot an zanter 2015 Schäffen. Hien ass zanter 2009 Grënnung-President von der Maison Relais Wëntger ASBL. Hien vertrëtt d’Gemeng am Comité vom Naturpark Our, am SICLER, an der Schoulkommissioun, an der Integratiounskommissioun an am Comité vom COPIL-Éislek. Ausserdeem ass hien Klima- an Naturpakt-Schäffen a Responsabel fir de Projet „Bildungshaus” am Wëntger Schäfferot.

De Luss ass och Member am Comité vom Foyer Éisleker Heem Lëllgen.

Christophe Arend

Nidderwampich, 35 Joër

De Christophe ass 34 Joer al a vo Berouf Bauer a selbststännig an der Liewensmëttelweiderverarbechtung. Hien wohnt zu Nidderwampich. A senger Fräizäit organiséiert hien kulturell Veranstaltungen, bereest gären aner Länner a geet gäre gutt lokal iessen.

.

Grace Gales

Boxer, 19 Joër

D’Grace ass 19 Joer al an ass Schülerin am LTPS zu Ettelbréck a wëllt an Zukunft ee medezinesche Berouf studéieren. Hatt wohnt zu Boxer an ass och do an der Boxer Jeunesse aktiv. Von 2018 -2022 wor d’Grace Vize-Presidentin am Wëntger Jugendgemengerot an hott sech do fir déi Jugendlech aus eiser Gemeng agesat. An senger Fräizäit mecht hat Dressur-Reiden a spillt an der Damenékipp vam Wëntger Fussball. D’Grace as aktiven Member vam CGDIS.

Jean-Paul Jacobs

Diänjen, 62 Joër

De Jean-Paul ass 62 Joer al a vo Berouf Bauer. Hien wohnt zu Diänjen  an ass och do zanter lange Joren aktive Sänger a Comitésmember von der Chorale Diänjen-Deewelt- Lentzweiler. Ausserdeem ass hien Member  von der Amicale von de Pompjeeën aus dësen dräi Dierfer an zanter  iwwer 30 Joer Member an der CSV-Wëntger. 

De Jean-Paul ass als Comitémember am Regionalausschoss von der Bauerenzentral aktiv.

Albert Koos

Uewerwampich, 55 Joër

Den Albert ass 55 Joër al a wohnt zu Uewerwampich. Hien ass bestaad a Papp von 3 Kanner. Den Albert schafft als Chef d’Equipe beim „Forum pour l’Emploi” zu Dikrich. Zanter 2011 ass hien zu Wëntger am Gemengerot an ass President von der Bautekommissioun  an von der „Commission du patrimoine et du souvenir”, déi fir hir flott Filmer iwwert eis Dierfer bekannt ass. Ausserdeem vertrëtt hien d’Interesse von der Gemeng am Opsiichtsrot vom  HPPA von de Franziskaner zu Kliäref an am Comité vom Wëntger Syndicat d’Initiative.

Den Albert ass och Member am Opsiichtsrot von der Fondatioun Autisme Lëtzebuerg.

Christine Lutgen

Rëmeljen, 47 Joër

D’Christine ass 47 Joer al, wohnt zu Rëmeljen, ass bestaad a Mamm von Zwillingen. Hatt ass Directrice vom Naturpark Uewersauer. D’Christine wor von 2015-2017 Member am Wëntger Gemengerot an ass Presidentin von der Kommissioun vom 3. Alter. Doriwwer eraus ass d’Christine Keessier von der CSF Norden  a Sängerin am „Éisleker Gospelchouer”.

Anne Pottier

Wëntger, 59 Joër

D’Anne ass 59 Joer al, bestaad a Mamm von 5 Kanner. Hatt wohnt zu Wëntger an ass Kinésithérapeute vo Berouf mat enger Spezialausbildung fir Legd mat besonnischen Uspréch (Autiste, MS, ….). D’Anne ass Member am Wëntger Turnveräin an och Member an der Integratiounskommissoun  von der Gemeng Wëntger.

Rose-Marie Soares Pereira

Lëllgen, 55 Joër

D’Rose-Marie ass 55 Joer al, hatt wohnt zu Lëllgen, ass bestaad an Mamm von 3 Kanner. D’Rose-Marie hott op der Universiteit zu Louvain- la- Neuve « Sciences politiques » studéiert an ass am Moment Hausfra. Hatt ass responsabel fir de Projet „Gemeinschaftsgaart” zu Lëllgen an och elo zu Houfelt, an ass Vizepresidentin von der Integratiounskommissioun. Ausserdeem ass hatt Benevole beim Resonord a bei der Associatioun „Reech eng Hand”.

Sonja Schruppen

Houfelt, 47 Joër

D’Sonja ass 47 Joer al, bestaad a Mamm von zwee Kanner. Hatt wohnt zu Houfelt a schafft bei den  CFL als Responsabel „Sûreté” am Beräich „Activités Voyageurs Trains“. D’Sonja ass zanter 2017 Member am Wëntger Gemengerot. Hatt ass Vertrieder von der Gemeng am Gemengesyndikat SIGI an am Comité vom Kliärfer Altersheem „Résidence des Ardennes”. Ausserdeem ass hatt Member am Comité von der Wëntger Maison relais asbl., an der Kommissioun vom 3. Alter an Delegéierte fir den ëffentlichen Transport.

An senger Fräizäit engagéiert hatt sech an der Wëntger Elterevereenigung an an de Wëntger Theaterfrënn.

Michel Thielen

Stackem, 32 Joër

De Michel ass 32 Joer al a wohnt zu Stackem. Hien hott een Afschloss op der Uni Bonn als „Ingénieur agronome” gemaach a schafft bei der Ackerbauschoul zu Gilsdref, wou hien Koordinator ass fir international Projeten. De Michel ass Member an der Wëntger Intergratiounskommissioun a President von der Jeunesse Stackem.

Jenny Thines

Rëmeljen, 27 Joër

D’Jenny huet 27 Joer an ass vu Rëmeljen. Hatt huet zwee Masterofschlëss a Sciences politiques a Relations internationales vun den Uni’en Wien an Innsbruck. No engem Joer als politesch Assistentin beim Europadeputéierte Christophe Hansen, an enger Beruffserfarung an der Diplomatie zu Bréissel, schafft hatt elo als Conseillère politique bei der CSV-Fraktioun an der Chamber. Nieft sengem groussen Interessi fir déi national an international Politik, reest hatt gär, a begeeschtert sech fir aner Kulturen. Ausserdeem ass de Sport eng vu senge grousse Passiounen, hatt mécht Fitness a Yoga, ass aktiv am Wëntger Fussball an ass Member vum Organisatiounscomité vu 24 Stonne Vëlo Wëntger.