Klengen Photoreportage vom CSV Kongress zu Moutfort am Januar 2019 an der CSV-Wëntger Generalversammlung am Maerz 2019 zu Tratten.
VEREEDIGUNG: Donneschdës, den 16. November 2017 ëm 14.30 Auer woor den Wëntger Schäfferot beim Innenminister Dan Kersch am Innenministère an goufen do vereedigt.
v.l.n.r.: 2. Schäffen, Meyers Luss; Innenminister Dan Kersch; Buergermeester, Marcel Thommes, 1. Schäffen, Alex Thillens.
Matdeelung un all d’Bierger aus der Gemeng Wëntger
Léif Légd,
Als Alleréischt wëlle mer Eech e grousse Merci soen, fir d’ Vertrauen an d’Ënnerstëtzung, déi Dir eis den 8. Oktober geschenkt hatt.
Um Wahlowend selwer gouf tëschent der LSAP an der CSV- Wëntger een Rendez-vous fir éischt Gespréicher um Mëttwochowend den 11.10.2017 festgehalen.
Allerdings sënn LSAP an DP, Mondes, den 09.10.2017 zesaame komm fir Gespréicher ze féieren. Dest Virgoen van eisem laangjäregen Koalitiounspartner LSAP hot eis immens enttäuscht an mer hon dat als Vertrauensbroch agesinn. Mer hon eis dunn an der Situatioun gesinn fir och mat der DP ze schwätzen. Dest Gespréich war Dasdesowes den 10.10 2017.
Mëttwochs, den 11. Oktober 2017 koum et dunn zu laangen, schwieregen, a wéineg konstruktiven Gespréicher vun der CSV mat der LSAP, woubäi et zu kenger Eenegung koum.
Firwat? Bedingt duerch de Vertrauensbroch van den Deeg virdran war d’Stëmmung van Afank an néck déi best. Divergenze a Fuerderungen van der LSAP ënnert anerem wat d‘Verdeelung van de Posten am Schäfferot ageet, konnte van eiser Delegatioun néck akzeptéiert giän.
Et muss e kloerstellen dat vam éischt Gewielten op der LSAP – Lëst selwer KEEN Asproch op de Buergermeester – Posten gestallt gouf.
D’LSAP – Delegatioun hat der CSV-Wëntger de Buergermeester-Poste agebueden, esou dat den éischten an den zweete Schäffe – Posten fir d’LSAP gewiescht wier. Och een Splitting vom 2te Schäffe woor am Gespréich. Dat hätt ennert anerem zur Konsequenz gehaat, dat den CSV-Buergermeester am Schäfferot an der Minoritéit gewiäst wiir.
Ausserdem wiir dem Engagement, dem Asatz, der Motivatioun an dem zäitlechen Opwand aus der Vergaangenheet van eise Vertrieder a Kommissiounen a Syndikater domat zu kengem Moment Rechnung gedroe giän. Deemno konnt d’Delegatioun van der CSV – Wëntger zu kengem Moment mat deser Propositioun averstane sënn. Trotz klengen Aboussen (- 1.7 %) bleift d’CSV -Wëntger nach wie vor bei wäitem mat 39,64 % déi stäerkst – gewielte Partei an der Gemeng.
Nom Scheiteren von desen Gespréicher mat der LSAP koum et dunn zu engem zweeten Gespréich mat der DP –Wëntger, wou mie eis op een Koalitiounsaccord konnten eenegen. Desen Accord as dunn en Donneschdeg den Owend ennerschriwen ginn.
Fir déi nächst Legislaturperiode gëtt et zu Wëntger deemno folgende Schäfferot : Marcel Thommes (CSV), Buergermeester; Alex Thillens (DP), 1te Schäffe; Luss Meyers (CSV), 2te Schäffe
D’CSV an d’DP schaffen elo un engem gemeinsamen Programm deen mir zesaame mat eisem Koalitiounspartner, mam ganze Gemengerot, a mat Eech als Wëntger Bierger an de nächste 6 Joer wellen emsetzen.
Mat frëndleche Gréiss,
d’CSV -Wëntger